FIRMA | KABEL | LUUCHTEN | HOME
FIRMA

KONTAKTPERSOUNEN

WEEBESCHREIWUNG

PRESSE

NEWS



Firma


D' Firma SIPEL, Société d'Importation de Produits Electriques au Luxembourg besteed säit 1961. Si as an de Beräicher Liicht an Kabel spezialiséiert.

Eise Betriib as vun den Propritären selwer gefouert an gëllt als en Hierstelleronofhängen Fachhandel.

Als solchen bidde mir eiser Klientel aus em Commerce, Handwierk an der Industrie, sou wéi aneren Professionellen Uwänder niewt engem gudd duerchduechten Wuerensortiment, qualitativ héichwäerteg Produiën mat héicher Liwerbereedschaft, och en grousst Wëssensspektrum un.

Wëssen bedéit fir eis, aner Weër ze goën.
Duerch eng laangjähreg Zesummenarbecht mat deenen déi den Marché uféieren an deenen déi zur Innovatioun bäigetroën hun, sin eis Erkenntnisser an eis Erfahrungen sou gewuess, datt mer déi technesch Entwécklung Beobachten an se kritesch Beurdeelen. Dëst erlaabt eis d' Produkter an hiere Gebrauch am Fong ze kennen.

Dobäi kënnt, datt och eng speziifesch Produktioun vu Kabelen, Luuchten a Biiren individuel an op Wonsch
méiglech as.

Mat dësem Know-How huet eisen Klient an all Situation dat beschtméiglecht Produkt bei engem korrekten Präis- / Leeschtungsverhältniss.

Wëssen bedéit fir eis, Informatiounen ze sammelen an se weider ze gin.

Nët nëmmen d'Wëssen vun eisen Mataarbechter halen mer laafend op engem héichen Niveau, mä mir bidden och Weiterbildungskueren an Informationsversammlungen fir eis Klientel an eis Partner un.

Mir weisen awer och drop hin, datt mer op der technescher Héichschoul zu Saarbrécken eist Wëssen vermëttelen an dat am Fachberäich Architektur-Beliichtungstechnik.

Eis Präsenz am Internet, mat eiser Newsäit, dengt awer och als Forum fir déi neidsten Entwécklungen an Tendenzen am techneschen Beräich: eng Iddi weider.


CONDITIONS GÉNÉRALES

IMPRESSUM



FIRMA | KABEL | LUUCHTEN | HOME SIPEL Sàrl · 42, ZAE Le Triangle Vert · L- 5691 Ellange (Mondorf) · Luxembourg